TEACH'S DE BAL XVII ?!

FABRIK, Miersch, den 12. Januar 2024

1

Nuecht

...wou ganz Miersch op der Kopp steet...Teach's de Bal, DE Bal am Uelzechtdall!

3

Beräicher

An der Fabrik, dem gehëtzten Zelt an dem Atelier 33

6

Plackendréierten

d'Crème vun der Crème aus dem Lëtzebuerger Nuetsliewen dréckt sech d'Klensch an de Grapp

DJ's


  • DJ Tony

    Tony Ewen

    DJ El Toro

    Yves Bertolo

    DJ Cosmofab & DJ Pathé 3000

    Fabrice Mennuni & Raph Altmann

DJ Tony
Tony Ewen
Zesumme mam DJ Alex gehéiert den Tony zum Inventaire vum Teach's de Bal an hie war vun der éischter Editioun un dobäi. Déi meescht vun iech kennen den Tony wahrscheinlech aus dem Melu oder aus dem Dipso. Vu dass den Alex gréisstendeels zu London ass hu mir dem Tony de Pass ofgeholl, fir dass en net hannendru reese kann. Niewend engem exorbitante Konsum vun Gin a Vodka-Tonic leet hien déi beschte Lidder vu gëschter, haut a muer op a bréngt d'Zelt zum kachen!
DJ El Toro
Yves Bertolo
Fir de legendären Teachsdebal, mëcht esou guer den DJ El Toro e Comeback aus senger DJ Pensioun a brengt fir ärch d'Ambiance, d'Party an d'Musék vun Ibiza an d'Fabrik. Den alen King aus dem Wilma, hat am Sodaz ugefangen, weider goung et am Pulp, am MukoMuko, a ganz Clausen, am Choco, am Hitch an op nach villen aneren Plazen. Säit 2017 as hien eigentlech an der DJ Pensioun, mee ganz selten léisst hien sech awer nach mat engem Sixpack Corona an 2-3 Gin Tonics vum Canapé lackelen. Als Sound wärt ärch e Mix aus kommerziellem Deep House & House an EDM erwaarden, gemëscht mat enger gudder Portioun Ibiza Dance Classics!
DJ Cosmofab & DJ Pathé 3000
Fabrice Mennuni & Raph Altmann
Den DJ Cosmofab aka Fabrice Mennuni ass keen onbeschriwwent Blat an der Metalszene; hien ass de Sänger vu Cosmogon a war bis zu hirer Opléisung am Joer 2011 och de Frontmann vun Ex-Inferis. Seng DJ Carrière huet de Fabrice am RockSolid tëscht 2014 an 2019 als Resident DJ gestart an en huet op verschiddenen Events an a Bars an der Stad opgeluecht. Den DJ Pathé 3000 aka Raph Altmann kritt net just e propperen Iwwergang hin mais e kann iech och ganz professionell e Piercing verpassen. Och hien ass als Bassist vun the Jacob Conspiracy beschtens an der lëtzebuerger Muséksszene bekannt.

Iwwert den Teach's de Bal?!


'Teachsdebal.lu a.s.b.l. ass den 28. Abrëll 2010 gegrënnt ginn. De Grondsteen dozou gouf freides den 23. Abrëll geluecht, wéi 10 Membere sech zesumme gedoen hunn an d’Statuten ënnerschriwwen hunn. D'Idee mat de Baler ass iergendwann eng Kéier freides no 4 Auer entstanen, wéi mer zesummen op de Weekend ugestouss hunn. Mer hunn déi Ideeë konkret duerchgezunn, an freides den 23. Mee 2008 um 20.00 Auer wor et dunn esou wäit : den éischte Bal huet seng Dire fir de Public opgemaach. Wat am Ufank nach relativ amateurhaft eriwwer komm ass, ass lues a lues verfäinert a verbessert ginn. De Budget ass all Joer an d'Lut gaangen, wat et eis erlaabt huet, méi professionell Servicer unzebidden. De Romain Bruzzese aus dem Café 'Beim Silo' huet eis vun der éischter Idee un ënnerstëtzt, an ouni hien, hätt sech eise Bal sécherlech net esou séier etabléiert. Nom Romain sengem vill ze fréien Doud hu mir nach e leschten Teach's de Bal zu sengen Eieren am Silo organiséiert. Nodeems de Silo zou gemaach huet, hu mir an der FABRIK en zouverlässegen a kompetente Partner fonnt, fir hoffentlech och nach déi nächst Joren e flotte Bal fir d'Leit ze organiséieren. Een Deel vum Benefice probéiere mer ëmmer u karitativ Organisatiounen ze spenden. Een aneren Deel fléisst a Projet'en an eiser Mierscher Schoul.

Total Charity Donations 43.655,76€


2023
5000€
Don ALAN
ALAN - Maladies Rares Luxembourg
Venue:

2023
5000€
een Häerz fir kriibskrank Kanner
- Een Häerz fir kriibskrank Kanner ASBL
Venue:

2019
5000€
Don Télévie 2019
Télévie - Centre de Promesse Mersch
Venue:

100€
Schoulsportdag Cycle 4
- Grondschoul Miersch
Venue:

2018
358,44€
Sponsoring Material a Präisser
Coupe Scolaire, Klassematcher, Schoulsportdag - Grondschoul Miersch
Venue:

5000€
Projet Krounebierg TV
- Grondschoul Miersch
Venue:

2017
185€
Sponsoring Material
Wantermaart Schoul - Grondschoul Miersch
Venue:

225€
Sponsoring
Präisser Coupe Scolaire - Grondschoul Miersch
Venue:

220€
Sponsoring
Präisser Schoulsportdag an Talentshow - Grondschoul Miersch
Venue:

600€
Sponsoring Material
Zelt 3x6m fir d'Schoul - Grondschoul Miersch
Venue:

4000€
Don
Don un d'Fuerscherhaus - d'Fuerscherhaus, d'Natur- an Technikschoul Miersch
Venue:

Ausgaben 2016
3333,33€
Don
Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg asbl - www.alaec.lu
Venue:

300€
Sponsoring
Material Porte Ouverte Schoul - Grondschoul Miersch
Venue:

200€
Don
Präisser fir d'Schüler - Grondschoul Miersch
Venue:

Ausgaben 2015
1500€
Don
Les Pimpampel asbl - CHL Kannerklinik
Venue:

473,49€
Don Gasgrill
fir de Chrëschtmaart - Grondschoul Miersch
Venue:

1070€
Don Schoul
Spiller wéi fréier fir am Schoulhaff ze spillen - Grondschoul Miersch
Venue:

220€
Don Schoul
verschidde Präisser fir d'Kanner - Grondschoul Miersch
Venue:

Charity 2014
2000€
DON
SIPO asbl - Mamer
Venue:

Charity 2013
1000€
Don
Liewenshaff - Merscheid
Venue:

Charity 2012
2500
Don
Service de Rééducation Précoce - Luxembourg
Venue:

Charity 2011
600€
Hongersnout Somalia
Croix-Rouge - Luxembourg
Venue:

Charity 2010
1085€
Don Äerdbiewen Haiti
Croix-Rouge - Luxembourg
Venue:

115,60€
Remerciment Bénévoles
Schoulsportdag - Grondschoul Miersch
Venue:

150€
20 T-shirts
Gewënner Sportquiz - Grondschoul Miersch
Venue:

80,93€
Gedrénks
Fuesparty Cycle 3 - Grondschoul Miersch
Venue:

270€
Entréesbilljee'en Mierscher Piscine
Gewënner Fussball Turnéier Cycle 3 - Grondschoul Miersch
Venue:

399€
Kicker
Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Miersch
Venue:

1500€
Don
Groupes Sportifs Oncologiques - Luxembourg
Venue:

Charity 2009
61,50€
Ravi fir déi Fräiwëlleg
Schoulsportdag - Grondschoul Miersch
Venue:

111,47€
2 Flashcups Sets
Schüler - Grondschoul Miersch
Venue:

117€
Entréesbilljee'en Mierscher Piscine
Gewënner Flashcups Tournoi - Mierscher Grondschoul
Venue:

500€
DON Emilie Lahr
Save Emilie Lahr asbl - Howald
Venue:

55€
Sponsoring Gegrills
Sportsfest 6. Schouljoer - Grondschoul Miersch
Venue:

325€
Kiermesmatch 2009
Kiermesmatch - Grondschoul Miersch
Venue:


admin| TDB NEWS

Nodeems eise Bal d'lescht Joer wéi sou villes wéinst COVID-19 huet missen ofgesot ginn, probéiere mir d'nächst Joer mol endlech erëm e gréisseren Event zu Miersch ze organiséieren. A wéi enger Form den Teachsdebal XVI wärt stattfanne kucke mir mat den zoustännegen Autoritéiten an eise Partner. Teachsdebal, restarting Mersch

Read More
admin| TDB NEWS

Léif Frënn vum Teach's de Bal, no ville laangen Nuechten ass eis fonkelnei Teach's de Bal Homepage endlech prett. Pénktlech fir den Teach's de Bal XII ass alles asazbereed. Nach ass eis Säit awer net komplett, e Modul mam Comité kënnt nach no an och eis Säit mat eisen Don'en ass nach net komplett. Et ka sinn, dass sech nach hei an do Feler ageschlach hunn, zéckt dofir net eis drop hinzeweisen, da probéiere mir se sou séier wéi méiglech auszebesseren.

Read More