eng nei Homepage

Nov 17, 2016 TDB NEWS

by admin

Léif Frënn vum Teach’s de Bal,

no ville laangen Nuechten ass eis fonkelnei Teach’s de Bal Homepage endlech prett. Pénktlech fir den Teach’s de Bal XII ass alles asazbereed. Nach ass eis Säit awer net komplett, e Modul mam Comité kënnt nach no an och eis Säit mat eisen Don’en ass nach net komplett. Et ka sinn, dass sech nach hei an do Feler ageschlach hunn, zéckt dofir net eis drop hinzeweisen, da probéiere mir se sou séier wéi méiglech auszebesseren.

Dat wourop dir wahrscheinlech am meeschte brennt, ass de Virverkaf vun den Ticket’en :). Dëse Freideg ass et esou wäit: Pénktlech um 3 Auer 33 Minutten (15.33 Auer) gëtt de Modul mat dem Virverkaf fräigeschalt. Och dëst Joer ass d’Unzuel vun den Ticket’en wéi ëmmer streng limitéiert…verpass et also net dir deng Ticket’en ze sécheren!

E grousse Merci elo schonn un eis Sponsoren, déi eis bei der 12ter Editioun ënnerstëtzen, a besonneg un DECH, well DU hues den Teach’s de Bal zu deem gemaach wat en haut ass!

de Comité vun der TEACHSDEBAL.lu asbl

 

 

tdb_xii_facebook-base

 

add a new comment